Radioen

On air

Thé Dansant  |  Erasmo Carlos - Grilos

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Police locale: ADR hätt sech méi Pouvoir fir Buergermeeschter gewëscht

Oppositioun

Police locale: ADR hätt sech méi Pouvoir fir Buergermeeschter gewëscht

20 Beamte vun der neier Police locale si vun haut un an der Haaptstad ënnerwee, a 4 zu Esch. Um Méindegmoie gouf de Pilotprojet fir den neien Dispositif der Ëffentlechkeet virgestallt. An enger éischter Reaktioun vun LSAP an ADR ginn d'Meenunge vun der Oppositioun awer auserneen.

auto_stories

2 min

Police locale | © SIP / Julien Warnand
Foto: SIP / Julien Warnand

Ze erkennen un engem bloe Bändche ronderëm de lénken Aarm, sollen dës Beamten als gudden Noper vun de Bierger Visibilitéit um Terrain weisen a fir d‘Anhale vun der ëffentlecher Uerdnung suergen. D‘Aféierung vun enger Police locale war am Koalitiounsaccord vun der schwaarz-bloer Majoritéit virgesinn. 

LSAP begréisst e klore Kader

An an d‘Ausaarbechtung vun deem Text wëllt och d‘Chamber mat agebonne ginn. Den neien Dispositif gouf och um Méindegmëtteg an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert.

D‘Ziler vu méi Präventioun a méi Proximitéit um Bierger wieren absolut begréissenswäert, sot duerno den LSAP-Député-maire Dan Biancalana am 100,7-Interview. Et wier och berouegend, datt déi lokal Police weiderhin der Police soll ënnerstoen, an net de Buergermeeschteren.

“Wat à ce stade gutt ass, well do och mol d‘Méiglechkeet besteet vun Abusen, wann een do kee klore Kader huet.”

ADR: Erhoffte Revolutioun bleift aus

Grad op deem Punkt hätt d‘ADR sech hirersäits awer méi Pouvoire fir d‘Buergermeeschtere gewënscht, war et no der Chamberkommissioun déi enttäuschte Reaktioun vum Deputéierten Tom Weidig. Déi erhoffte Revolutioun um Terrain géif mat deem neien Dispositif vu lokaler Police ausbleiwen.

“Et ass éischter eng subtil Ëmstrukturéierung, datt munch Saachen, déi schonn existéieren, méi explizit gemaach gi sinn.”

Och um Niveau vun den administrative Chargen hätt d‘ADR sech deemno erhofft, datt d‘Beamten do en Deel vun hirer Aarbechtslaascht ofgeholl kritt hätten, sou nach den Tom Weidig.

Aktualitéit
Politik