Radioen

On air

Thé Dansant  |  Stevie Wonder - Uptight (Everything's Alright)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OGBL: Net déi selwecht politesch Feeler wéi Frankräich maachen

Basis fir Extremismus

OGBL: Net déi selwecht politesch Feeler wéi Frankräich maachen

Den OGBL warnt virdrun zu Lëtzebuerg déi selwecht politesch Feeler ze maache wéi a Frankräich. Wann ze vill Leit politesch a sozial géifen ausgeschloss ginn, da wier dat eng Basis fir Extremismus.

auto_stories

1 min

Foto: Jacques Ganser

Dofir wier et wichteg, Inegalitéiten ze bekämpfen, esou d'Nora Back. Bis op d’Abremsen vun der Kanneraarmut hätt déi aktuell Regierung awer nach net vill Konkretes an dem Sënn ugekënnegt.

Suerge maachen der Gewerkschaft och d’Ukënnegung vun enger Pensiounsreform an d’Iwwerschaffe vum Aarbechtsrecht. Mam OGBL géif et allefalls keng Verschlechterung vum Pensiounssystem ginn. Déi Projektiounen, déi d’Regierung géif virleeën, wieren och vill ze vill negativ, sou d’Nora Back.

Mat 27 Milliarden Euro wieren d’Reserven och ganz zolidd.

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft