Radioen

On air

Concert Euroradio  |  En Owend mat der Sheherazade

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Causa Pim Knaff: Léon Gloden wëll sech net amëschen

Inneministère

Causa Pim Knaff: Léon Gloden wëll sech net amëschen

Nëmmen de Pim Knaff kéint decidéieren, op hie säi politescht Mandat wëllt weider ausüben, oder net. Dat äntwert den Inneminister Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte vun déi Lénk an Escher Gemengerotsmember Marc Baum.

auto_stories

1 min

Foto: Chambre des députés

De Marc Baum hat sech doran op den Artikel 41 vum Gemengegesetz beruff, no deem den Inneminister kann decidéieren, e Schäffen am Fall vun notoreschem Feelverhalen, Feeler oder schwéierer Farlässegkeet vu sengem Amt ze enthiewen.

De Politiker vun déi Lénk wollt deemno vum Minister wëssen, op de schwéiere Steierbedruch, wéinst deem de Pim Knaff veruerteelt gouf, ënnert dës Kategorie fält.

Léon Gloden: Urteel hat näischt mat der politescher Tätegkeet ze dinn

De Léon Gloden stellt a senger Äntwert fest, datt d‘Riichter dem DP-Politiker säi Recht sech fir Walen opzestellen an ze wielen, net oferkannt hätten. Säi Mandat als Escher Schäffen wier deemno net a Fro gestallt.

Vue datt hie wéinst Aktivitéiten a sengem Beruffsliewe verurteelt gi wier, déi näischt mat senger politescher Tätegkeet ze dinn hätten, géif de Minister sech do net amëschen.