Radioen

On air

Thé Dansant  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Xavier Bettel: A Frankräich wäert ee Koalitioune bilde mussen

Parlamentswalen a Frankräich

Xavier Bettel: A Frankräich wäert ee Koalitioune bilde mussen

A Frankräich gouf gefaart, a sech och erwaart, datt de Rassemblement National d’Parlamentswalen haushéich kéint gewannen. D’Resultat huet vill Leit dunn awer iwwerrascht. Ënner hinnen och de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel.

auto_stories

3 min

Xavier Bettel | © Jo Diseviscourt
Foto: Jo Diseviscourt

Et hätt ee kéinte fäerten, datt d’Leit a Frankräich keng Loscht méi u Walen an u Politik hätten, esou de Xavier Bettel a senger éischter Reaktioun. Mee d’Resultat hätt gewisen, datt wann et drëms geet, d’Fransouse sech mobiliséiert kréien. Et wier eng positiv Iwwerraschung, datt den RN net Éischte ginn ass, an datt demokratesch Kräften a Frankräich ëmmer nach eng grouss Bedeitung hunn.

Anescht wéi virausgesot kënnt déi lénks-gréng Allianz Nouveau Front Populaire an der neier Assemblée Nationale op déi éischt Plaz, de rietsextreeme Rassemblement National just op déi drëtt Plaz. Dem President Emmanuel Macron säi Bündnis Ensemble kënnt souguer nach virun de rietsextreemen RN. Virun enger Woch, am 1. Tour, hat den RN nach bei Wäitem am meeschte Stëmme kritt.

Demissioun vum Attal wäert wuel net ugeholl ginn

Keng vun de Formatioune kritt awer déi néideg Majoritéit fir eleng ze regéieren. D’Parlament ass gestäerkt ginn, den Emmanuel Macron allerdéngs geschwächt. De Premier Gabriel Attal wäert um Méindeg och seng Demissioun areechen.

De Xavier Bettel geet awer dovunner aus, datt de President Macron dës net unhuele wäert. Et misst sech schliisslech weiderhin een ëm d’Affaire-courantë këmmeren. Och de Fakt, datt an e puer Wochen d’Olympesch Spiller zu Paräis wäerten ufänken, géing et onwarscheinlech maachen, datt dem Attal seng Demissioun ugeholl wäert ginn.

Stabilitéit just mat enger Koalitioun

Fir den Ausseminister ass awer och kloer, datt Frankräich elo politesch onstabil ass. Eng Optioun elo wier nämlech, eng Minoritéitsregierung op d’Been ze stellen. Dës misst da Projet fir Projet kucken, nei Partner ze fannen, fir esou Majoritéiten ze kréien. Da wier Frankräich awer ee Joer laang eng "lame duck", esou de fréiere Premier. Hie mengt och, datt Sozialisten, Gréng, Republikaner, an dem Macron seng Unhänger sech zesummesetze sollten, fir d’Extreemitéiten ausschléissen ze kënnen. 

“A Frankräich wäerte se eppes entdecken, wat mir hei zu Lëtzebuerg scho kennen: Koalitioune bilden.”

Dat ass dem Xavier Bettel no déi eenzeg Méiglechkeet, fir eng gewëss Stabilitéit an déi franséisch Politik ze bréngen.

Déi Lénks ganz lénks leie loossen?

Mee dat wäert schwiereg ginn. Ass et souguer méiglech, d’France insoumise vum Jean-Luc Mélenchon lénks leien ze loossen? Jo, mengt de Xavier Bettel. Dem Mélenchon säin Discours gëschter Owend hätt gewisen, datt eng Koalitioun mat him immens schwéier wäert ginn. D’Republikaner hu well annoncéiert, net wëlle mat him ze koaléieren.

Eventuell hätt ee besser, eng Perséinlechkeet vun der Gauche erauszesichen, déi och vum Zentrum toleréiert géing ginn, esou den Ausseminister. Soss wäert et wuel op eng technokratesch Regierung erauslafen.

Et misst een awer elo ofwaarden, wat déi Gréng, d’Sozialisten an dem Macron säi Camp wëllen. Kloer ass just, datt et Incompatibilitéite mat der Extême droite, awer och mat der Extrême Gauche ginn, esou de Xavier Bettel.

EU: RN mam Viktor Orbán?

Den DP-Politiker ka sech iwwerdeems och virstellen, datt den RN elo op europäeschem Niveau mam Viktor Orbán wäert e Block forméieren. Et hätt een eventuell bis no de Wale gewaart, fir net als RN de Reproche gemaach ze kréien, ze vill no um Orbán ze sinn, mengt den Ausseminister. D’Kreatioun vun engem staarke rietsextreeme Grupp wier elo eng Gefor a gläichzäiteg eng Warnung.