Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Scholz an Erdogan: Zesummenaarbecht trotz Differenzen

Visitt vum däitsche Kanzler zu Istanbul

Scholz an Erdogan: Zesummenaarbecht trotz Differenzen

Den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz war gëschter um Samschdeg op Visitt zu Istanbul. D’Relatiounen tëscht béide Länner waren ënnert der aktueller Bundesregierung bis elo éischter schlecht, mee de Kanzler huet dru geschafft, dat nees ze änneren.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance/dpa/Bundesregierung | Guido Bergmann

Matthias Kirsch (München) 

Et war wuel keen Zoufall, datt Däitschland am Virfeld vun der Scholz-Visitt zu Istanbul e puer Köder ausgehäit hat. Een dovun: d’Beschränkunge vu Rüstungsexporter un d’Tierkei, déi zënter Jore gegollt hunn, sinn de facto opgehuewen. A sou gouf an den Deeg, ier den däitsche Bundeskanzler sech mam tierkesche President Reccep Tayyip Erdogan sollt treffen, bekannt: d’Tierkei kritt Rakéiten, Torpedoen a Moderniséierungsmaterial fir seng Schëffer an U-Booter am Wäert vu ronn 300 Milliounen Euro.

Den Olaf Scholz brauch d’Tierkei. Virun allem, well hien innepolitesch an der Migratiounsfro ëmmer méi ënner Drock geroden ass. Vun de syreschen an afghanesche Refugiéeën, déi an Däitschland kommen, reest de Groussdeel iwwert d’Tierkei. Un d’Ofkommes mat der EU, syresch Refugiéeën nees zeréckzehuelen, hält sech d’Tierkei awer zënter e puer Joren net méi. An zënterhier huet sech d’Zuel vu Refugiéeën, déi an Däitschland ukommen, nees verduebelt.

Fir sech d’Hëllef vun der Tierkei ze sécheren, huet den Olaf Scholz dofir op Kritik un der tierkescher Regierung verzicht. Kee Wuert zur tierkescher Haltung am Gaza-Krich oder zur Proximitéit mat der Hamas, an och kee Kommentar zu de Mënscherechtsverletzungen an der Tierkei selwer. Den däitsche Kanzler well nei, besser Relatioune mat der Tierkei, offenbar och, wann et géint déi däitsch Positioun a bestëmmte Froe geet.

Lauschterenplay_arrow