Radioen

On air

Thé Dansant  |  Kate Bush - Wuthering Heights

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Supporter vum Lénksbündnis feieren zu Paräis

Parlamentswalen

Supporter vum Lénksbündnis feieren zu Paräis

De Walgewënner a Frankräich heescht Nouveau Front Populaire. Iwwerraschend konnt sech d’Lénksbündnis gëschter duerchsetzen an déi meescht Sëtz an der Assemblée Nationale fir sech gewannen. Och wann et keng absolut Majoritéit gouf war d’Euphorie bei den Ënnerstëtzer vum Nouveau Front Populaire grouss. Wat erwaart een elo vum Lénksbündnis?

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Place de la République | © picture alliance / NurPhoto | Giulia Morici play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Giulia Morici

Eng symbolkräfteg Plaz fir een historesche Waldag: Kuerz no den Héichrechnunge gëschter Owend, déi den Nouveau Front Populaire als Gewënner annoncéiert hunn, huet sech d’Paräisser Place de la République mat dausende Supporter vum Lénksbündnis gefëllt.

"Une joie immense"

Besonnesch nom éischte Waltour war d’Angscht grouss, datt de rietsextreme Rassemblement National kéint gewannen. Ëmsou méi grouss d’Erliichterung an d’Freed elo.

“Une joie immense, on s’y attendait pas, en fait on pensait vraiment que le RN allait être vraiment devant et on se disait: au mieux, ils auront pas la majorité absolue.”

“En tant que bi-national, en tant que marocain naturalisé en France, c’est un soulagement pour moi de ne pas voir l’Extrême-Droite en premier.”

D’Walbedeelegung war dës Kéier esou héich ewéi zënter 1997 net méi. D’Angscht virum RN an d’Vertrauen an de Projet vun der Gauche hätten d’Léit an d’Walbüroe gedriwwen, soe vill Supporter op der Place de la République. Dës Mobilisatioun mécht si stolz,

“J’ai manifesté ici en 2002 contre Le Pen père et aujourd’hui je suis très fière des Français.”

Wie gëtt neie Premier?

Den Nouveau Front Populaire huet direkt no dem Walresultat d’Regierungsformatioun fir sech beusprocht. Am Virgängerbündnis NUPES koum et dacks zu internen Tensiounen. Dës Kéier soll et besser lafen. D’Erwaardungen un den Nouveau Front Populaire si grouss.

“On attend beaucoup d’eux: à la fois de maintenir une ligne de gauche et d’être capable de négotier tous ensemble.”

“Je pense qu’il faut qu’on continue à trouver des combats communs et qu’on continue à se battre ensemble et qu’on se laisse pas dépasser par la Droite de la Gauche.”

An den nächsten Deeg wäert och ermëttelt ginn, wie Premierminister oder Premierministesch kéint ginn. Bei de Supporter ginn et hei ganz ënnerschiddlech Usiichten. Clémentine Autain oder Marine Tondelier sinn Nimm, déi een ëmmer nees héiert. Just bei engem Personnage ass ee sech onsécher:

“Ce sera pas Jean-Luc Mélenchon parce que Jean-Luc Mélenchon gouvernera pas avec Macron.”

Haut wäert den aktuelle Premier Gabriel Attal seng Demissioun areechen. Hie wëll awer sou laang am Amt bléiwen ewéi néideg. De President Emmanuel Macron wëll sech Zäit loossen, en neie Premierminister oder eng néi Premierministerin ze ernennen.

Lauschterenplay_arrow

Max Tholl (Paräis)

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.