Radioen

On air

Notturno  |  Conor Oberst - Lenders In The Temple

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Walresultat a Sachsen gëtt korrigéiert

Landtagswahlen a Sachsen

Walresultat a Sachsen gëtt korrigéiert

Wéinst engem Softwarefeeler war déi falsch Sëtzverdeelung verëffentlecht ginn. Deemno kréien déi Gréng an d‘SPD allebéid 1 Sëtz méi – d‘CDU an d‘AfD 1 Sëtz manner.

auto_stories

1 min

Landtagswahlen a Sachsen (Foto: picture alliance/dpa | Robert Michael)

Doduerch verléiert d‘AfD déi sougenannte Sperrminoritéit. Se kann deemno Gesetzer, fir déi eng Zweedrëttel-Majoritéit néideg ass net méi blockéieren. D‘Koalitioun vu bis elo tëscht CDU, deene Gréngen an der SPD huet weiderhi keng Majoritéit am neie Landtag. 

Trotzdeem en historescht Resultat

Fir d‘AfD ass hiert Resultat awer nach ëmmer historesch. Déi rietsextrem Partei wëllt elo an Thüringen an a Sachsen matregéieren. Eng Regierungsparticipatioun vun der rietsextremer AfD bleift awer onwarscheinlech, well bis elo keng aner Partei mat hir eng Koalitioun wëllt maachen. Béid AfD-Cheffe soten de Moien, dass si iwwerzeegt sinn, dass d‘CDU op Dauer hire Widderstand net wäert duerchhalen.