Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fraktiounsspëtzten am EU-Parlament maachen de Wee fräi fir nei EU-Kommissioun

No laangen Diskussiounen

Fraktiounsspëtzten am EU-Parlament maachen de Wee fräi fir nei EU-Kommissioun

No gréisseren Diskussiounen huet d'Europaparlament d’Zesummesetzung vun där neier Europäescher Kommissioun guttgeheescht. Déi lescht 7 Kandidate krute gréng Luucht. Dat nodeems de Prozess elo eng Woch laang blockéiert war. Virun allem wéinst engem Sträit iwwer zwee Kandidaten.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

© picture alliance/dpa | Thomas Banneyer play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Thomas Banneyer

Déi Europäesch Vollekspartei hat refuséiert, déi aktuell spuenesch Ministerin fir déi gréng Transitioun, d'Teresa Ribera, als Vizepresidentin vun der Kommissioun ze confirméieren. Am Géigenzuch waren d'Sozialisten net prett, de Member vun der postfaschistescher Partei Fratelli d’Italia, den Italieener Raffaele Fitto, fir een héije Posten an der Kommissioun unzehuelen.

Béid Säiten hunn elo noginn. Och den ëmstriddenen EU-Kommissär fir d'Gesondheet, den Ungarn Oliver Varhelyi, gouf guttgeheescht. Deel vum Accord ass et awer, datt säi Portfolio soll ageschränkt ginn. 

Op d'Basisse vun de Fraktiounen hanner deem Deal stinn, ass iwwerdeems nach net gewosst. Déi nächst Woch soll d'Europaparlament iwwer déi ganz Ekippe vun der neier Kommissioun ënner der Presidentin Ursula von der Leyen ofstëmmen. 

Wéi koum et elo zu deem Accord? Wien huet misse Waasser a säi Wäi schëdden? Dorop hu mir mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber gekuckt.

Lauschterenplay_arrow