Zanter Méint musse Frontalieren, déi tëschent Däitschland a Lëtzebuerg pendelen, dacks méi Gedold matbrénge wéi soss. Dat, well et op der däitscher Säit zu Grenzkontrolle kënnt. D'SPD-Ministerpresidentin Anke Rehlinger wëllt awer verhënneren, datt dat zur Normalitéit gëtt, an opposéiert sech esou och hirer Parteikolleegin an Inneministerin Nancy Faeser.
Virdeeler vun oppene Grenze bis op Berlin bréngen
Et wier ee komplette Réckschrëtt par rapport zu deem, wat ee bis elo erreecht hätt, mécht d'Anke Rehlinger am 100,7-Interview kloer. De Schengenaccord géing zwar duerchaus temporär Kontrolle virgesinn, mee d'Betounung léich hei op "temporär".
An engem rezenten Interview mat der dpa hat d'Anke Rehlinger ze verstoe ginn, datt si net mat der innepolitescher Linn, déi d'SPD fiert, averstanen ass. Si hätt der Nancy Faeser dat och däitlech gesot, esou d'Anke Rehlinger. Mee et misst een zur Kenntnis huelen, datt den Debat an Däitschland aktuell an eng aner Richtung géing goen. Vill Leit wëlle Grenzkontrollen. Der saarlännescher Ministerpresidentin no misst een dofir déi Virdeeler, déi oppe Grenze mat sech bréngen, och zu Berlin presentéieren. "Grenzschliessungen an den europäeschen Binnengrenzen kann nicht unser Ziel sein", ënnersträicht d'Anke Rehlinger.
Och fir d'SPD net d'"Mittel der Wahl"
Et dierft een elo net an eng Spiral geroden, an där eng Grenz no där anerer nees zougemaach gëtt. Mee d'Anke Rehlinger gesäit och e klore Wee aus der Situatioun eraus: Wann déi gemeinsam europäesch Asylpolitik ëmgesat géif ginn, an de Verdeelungsmechanismus vun de Flüchtlinge gräife géing, da géingen och all d'Argumenter fir Grenzkontrollen ewechfalen.
“Wer unsere Hilfe braucht, der muss sie bekommen. Wer Hilfe missbraucht, muss gehen.”
Wieler:innen, déi net mat de Grenzkontrollen averstane sinn, kéinten dat bei de Walen zum Ausdrock bréngen, andeems si net d'SPD wielen, oder? Net ganz, seet d'Anke Rehlinger. D'Partei hätt well gesot, datt d'Grenzkontrollen och net hiert "Mittel der Wahl" wieren, seet d'Anke Rehlinger. Ausserdeem géingen eng AfD oder eng CDU nach vill méi wäit goen.
Der saarlännescher Ministerpresidentin no misst d'Theema Migratioun als Deel vun der Integratioun gesi ginn. Wann een dat géing maachen, da géing d'Diskussioun ronderëm d'Kontrollen un eise Grenzen an den Hannergrond réckelen.
Momentan kéint si awer nach net soen, ob d'Grenzkontrolle verlängert wäerte ginn oder net. Si wier kloer dogéint. Hiren Amtskolleeg a Bayern hätt awer sécher eng aner Meenung dozou, mengt d'Anke Rehlinger.