Radioen

On air

9 bis 1  |  White Town - Your Woman

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'EU soll méi kompetitiv ginn

Informellen EU-Sommet zu Budapest

D'EU soll méi kompetitiv ginn

D’Europäesch Unioun muss een Handelskrich mat den USA evitéieren. Dat war de Constat um informellen EU-Sommet zu Budapest, wou déi 27 Staats- a Regierungscheffen iwwert eng Deklaratioun eens gi sinn, déi dofir suerge soll, datt d’EU méi kompetitiv gëtt. Ee Schwéierpunkt dobäi ass d’Simplification administrative.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: European Union

Um Pabeier gouf méintelaang gefeilt. Eens ginn ass ee sech iwwert allgemeng Stoussrichtungen, ouni dobäi ganz konkret Mesurë festzehalen.

Et brauch een eng staark transatlantesch Allianz

Geet dat duer, fir op déi aktuell Defien, dorënner den neien amerikanesche President, ze äntweren? De Luc Frieden hieft positiv ervir, datt ee sech elo bewosst ass, datt Europa muss no sech selwer kucken.

"Ech sinn do ganz optimistesch, datt mir eppes fäerdeg bréngen, well ech och der Meenung sinn, datt mir elo an Europa eng grouss Majoritéit vu Regierungscheffen hunn, déi d'Urgence gesinn an déi och e grousst Verständnis hu fir d'ekonomesch Zesummenhäng."

Mee dat soll net géint Amerika, mee och mat Amerika geschéien, huet de Premier betount.

"Ech ka soen, datt jo all d'Regierungscheffen der Meenung sinn, datt et wichteg ass, datt mir eng staark transatlantesch Allianz hunn."

Der Deklaratioun no soll een neien Ulaf geholl ginn, fir d’Simplification administrative endlech um Terrain ëmzesetzen. Dat hat ee schonn zejoert esou festgehalen. Firwat soll dat elo klappen? "Dat hänkt vun de Leaderen of. Et ass eng Saach vun de Leader", sou de Luc Frieden.

Luc Frieden: Et gi Reegelen, un déi ee sech muss halen

Et war de Viktor Orbán, deen am Kader vun der ungarescher EU-Presidence d’Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner op Budapest invitéiert hat. Hien hat op enger eegener Pressekonferenz den ungaresche migratiounspolitesche Modell, géint deen d’EU-Kommissioun geriichtlech virgeet, verdeedegt an ëffentlech déi aner EU-Länner dozou opgeruff, zesumme géint esou Urteeler virzegoen. Wat seet de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden dozou?

"Wann ee sech net un déi Reegelen hält, un déi Verträg hält, dann hu mir duerfir en europäescht Geriicht, wat engem da seet, dat ee sech muss drun halen. An dat ass dat Europa, un dat mir gleewen. An ech ginn dervun aus, onofhängeg vun nationale Pressekonferenzen, datt jiddwereen dat mécht."

D’Europäesch Kommissioun soll bis am Summer d’nächst Joer konkret Propose fir d’Stäerke vum Bannemarché an der EU maachen. Och dat gouf zu Budapest festgehalen.

Lauschterenplay_arrow