Radioen

On air

Thé Dansant  |  The Beach Boys - I Can Hear Music

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Christophe Hansen: Ofschneide vum RN ass e "Warnsignal"

Reaktioun op déi franséisch Walen

Christophe Hansen: Ofschneide vum RN ass e "Warnsignal"

“Dat Schlëmmst ass verhënnert ginn”, esou d’Reaktioun vum Christophe Hansen op d’Resultat vun de Walen a Frankräich. Trotzdeem misst ee feststellen, datt de Rassemblement National massiv dobäi gewonnen huet. Dat wier ee Warnsignal, esou den CSV-Deputéierten.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

Christophe Hansen | © European Union play_arrow
Foto: European Union

Et wier wichteg, datt elo eng Koalitioun forméiert gëtt, déi déi “breet Mëtt vun der Politikwelt duerstellt”, esou de Christophe Hansen.

Nom zweeten Tour schwätzt de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Gusty Graas vun engem “iwwerraschende Resultat”. Op där enger Säit wier et ee “gutt Resultat”, well den RN keng absolut Majoritéit kritt huet. Op där anerer Säit wier och de President Emmanuel Macron ee vun de Verléierer, esou den DP-Deputéierten.

Frankräich wier de Moment an enger “ganz delikater Situatioun”.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Politik