Radioen

On air

Thé Dansant  |  Steve Miller Band - The Joker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Selenskyj trëfft sech mam Donald Tusk a mam Andrej Duda

Sécherheetsaccord soll ënnerschriwwe ginn

Selenskyj trëfft sech mam Donald Tusk a mam Andrej Duda

Den ukrainesche President ass haut am Virfeld vum NATO-Sommet, dee muer zu Washington ufänkt, zu Warschau. An der Mëttesstonn ass e Gespréich mam polnesche Premier Donald Tusk a mam President Andrej Duda geplangt.

auto_stories

1 min

Wolodymyr Selenskyj an Donald Tusk | © picture alliance / NurPhoto | Maxym Marusenko
Foto: picture alliance / NurPhoto | Maxym Marusenko

Béid Länner wëllen e bilaterale Sécherheetsaccord ënnerschreiwen. Dat hat den Tusk viru kuerzem annoncéiert. Polen ass eent vun de Länner, dat d‘Ukrain am russeschen Aggressiounskrich am meeschten ënnerstëtzt. Dat souwuel politesch, wéi och militäresch.