Radioen

On air

Kultur um 5  |  All zesummen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CGFP: Éischt Fortschrëtter ze erkennen zënter Protestmanifestatioun

Staatsbeamtegewerkschaft

CGFP: Éischt Fortschrëtter ze erkennen zënter Protestmanifestatioun

No der Protestmanifestatioun vun der CGFP, Enn Mee, stellt d‘Staatsbeamtegewerkschaft elo éischt Fortschrëtter fest. Et géif Beweegung a verschidden Dossiere kommen, déi bis elo net weidergaange sinn.

auto_stories

1 min

De Protestpiquet vun der CGFP am Abrëll

Zum Beispill an der Neireegelung fir den Homeoffice an der Fonction publique, d‘Reform vum droit disciplinaire oder och de verstäerkte Kënnegungsschutz am Fall vu Laangzäit-Krankheeten… De Ministère hätt elo e geneeën Zäitplang mat der CGFP festgeluecht fir iwwert déi Dossieren ze schwätzen.

Ongedëlleg ass d‘CGFP allerdéngs bei der Ëmsetzung vum Accord iwwert d‘Harmoniséierung vun den ënneschte Karriären… dee sollt réckwierkend op den 1. Juli 2022 kommen, mee do géif et am Moment net weidergoen.