Radioen

On air

9 bis 1  |  Alabama Shakes - Hold On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Thailand: Am gréisste Finanzbedruchsskandal gouf d'Doudesstrof confirméiert

12 Milliarden Euro verontreit

Thailand: Am gréisste Finanzbedruchsskandal gouf d'Doudesstrof confirméiert

Am Vietnam gouf d‘Doudesstrof am gréisste Finanzbedruchsskandal confirméiert: D‘Immobilie-Magnatin Truong My Lan soll ëmgerechent bal 12 Milliarden Euro verontreit hunn, also bal 3 Prozent vum vietnameesesche PIB.

auto_stories

1 min

De Gesamtschued géif souguer bei 25 Milliarde leien. Déi 68-Joer al Truong My Lan war géint d‘Doudesurteel an éischter Instanz an Appell gaangen a wollt eng Ëmwandlung a liewenslaange Prisong. Dat huet dat iewescht Geriicht zu Ho-Chi-Minh awer rejetéiert.

Eng Chance huet si nach, fir net higeriicht ze ginn: Dat wa si dräivéierels vun de verontreite Suen zréckbezilt.