Radioen

On air

Tockcity  |  Bar Italia - Drumstart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A Südkorea spëtzt sech déi politesch Kris zou

Krichsrecht erëm zeréckgezunn

A Südkorea spëtzt sech déi politesch Kris zou

Nodeems de President Yoon Suk Yeol d‘Krichsrecht ausgeruff an dann e puer Stonnen drop erëm zeréckgezunn huet, wëllt elo d'Oppositiounspartei de südkoreanesche President esou wéi och den Inneminister, den Ausseminister an héichrangeg Leit vun der Arméi an der Police wéinst Opstand verkloen.

auto_stories

1 min

© Flickr / Kang Min Seok
De Yoon Suk Yeol, President vu Südkorea. (Foto: Flickr / Kang Min Seok)

De Yoon Suk Yeol hat no politesche Konflikter d'Krichsrecht ausgeruff a vu staatsfeindleche Bedrounge geschwat, et awer no e puer Stonnen nees opgehuewen, nodeems d'Parlament eestëmmeg géint d'Krichsrecht gestëmmt hat. Zu Seoul gouf et Demonstratiounen, de gréisste Gewerkschaftsbond huet e Generalstreik ugekënnegt.

International hunn eng Partie Länner hir Suergen zum Ausdrock bruecht. De japanesche Premier sot, hie géif d’Situatioun genee beobachten, de schweedesche Premier huet eng geplangte Rees op Seoul ofgesot, an den US-Ausseminister huet eng friddlech a rechtsstaatlech Léisung gefuerdert.