Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Politesche Chaos a Südkorea

Ausnamezoustand

Politesche Chaos a Südkorea

Déi politesch Kris a Südkorea huet eng nei Wendung geholl: D'Nationalversammlung zu Seoul huet an enger Noutsëtzung d'Krichsrecht blockéiert, dat de President Yoon Suk Yeol viru kuerzem deklaréiert hat. D'Oppositioun, déi d'Majoritéit am Parlament huet, huet seng Moossnam als "verfassungswiddereg an onbegrënnt" bezeechent. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Flickr / Kang Min Seok play_arrow
De Yoon Suk Yeol, President vu Südkorea. (Foto: Flickr / Kang Min Seok)

D'Spezialeenheeten, déi virum Parlamentsgebai opgetaucht sinn, hunn d'Angscht viru Gewalt an enger méiglecher Opléisung vun der Sëtzung nach verstäerkt. 

Kritik aus den eegene Reien

Dëst geschitt, well de President all politesch Aktivitéite verbueden huet. De President Yoon behaapt, d’Mesure wier néideg, fir d’Fräiheet am Land ze schützen. Hie beschëllegt d’Oppositioun, mat Nordkorea ze sympathiséieren. Säin Zil: "pro-nordkoreanesch Kräften auszeschalten an d’Fräiheet ze sécheren.“

Den Zougang zum Parlament ass blockéiert. Demonstratiounen, Parteiaktivitéiten a journalistesch Aarbechte si verbueden. Den Oppositiounschef Lee Jae Myung nennt dat eng "verfassungswiddereg a falsch“ Aktioun. Hie warnt, datt Panzeren an Zaldoten d’Land ënner Kontroll bréngen.

Esouguer aus der eegener Regierung koum Kritik: Den Han Dong Hoon, Parteipresident vun der regéierender Partei, huet d’Krichsrecht als "feelerhaft“ ofgeleent a gesot, hie wéilt "zesumme mat de Bierger“ dogéint virgoen.

Innen- an aussepolitesch Krisen

D’Budgetsdebatten, déi scho Wochen daueren, si komplett an enger Sakgaass. D’Regierung an d’Oppositioun kënne sech net eens ginn, wat d’Situatioun nach méi ugespaant mécht.

D‘Entwécklungen hunn net nëmmen intern, mee och international een Impakt. Peking huet seng Bierger a Südkorea opgefuerdert, virsiichteg ze sinn. D’Ambassade vu China zu Seoul huet hire Staatsbierger geroden, roueg ze bleiwen, d‘Sécherheetsmoossnamen ze stäerken, onnéideg Ausflich ze evitéieren a virsiichteg ze sinn, wa si politesch Meenungen ausdrécken.

De President Yoon steet zënter Méint ënner staarkem politeschem Drock, ënner anerem wéinst engem presuméierte Korruptiounsskandal ronderëm seng Fra. Gläichzäiteg eskaléieren d’Spannungen op der Hallefinsel. Nordkorea mécht verstäerkte Rakéitentester a dreet Südkorea a sengen Alliéierten.

Lauschterenplay_arrow