Radioen

On air

Moiesstudio  |  R.E.M. - Shiny Happy People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zu Biissen: Bal 80 Milliounen Euro fir "d'Mobilitéit vu muer"

Mobilitéit a Recherche

Zu Biissen: Bal 80 Milliounen Euro fir "d'Mobilitéit vu muer"

De Staat huet bal 80 Milliounen Euro an den Automobility Campus zu Bissen investéiert, deen haut um Dënschdeg offiziell ageweit gouf. Dat huet de Wirtschaftsminister Lex Delles matgedeelt, dee vun engem Site vu Synergië schwätzt.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Den Automobility Campus zu Bissen. (Foto: Technoport)

Geschriwwe vum Pebia Urban

Scho viru ronn 10 Joer huet d’Regierung decidéiert, datt zu Lëtzebuerg eng Ulafstell fir d’Mobilitéitsinnovatioun soll geschaf ginn. Zil wier et, datt Entreprisë sech kënnen zesummen doen, fir déi sougenannte Mobilitéit vu muer ze entwéckelen, esou de Lex Delles.

Och Goodyear wäert profitéieren

Fir d’Regierung wier d’Fuerderung vum Automobilssecteur eng vun de Prioritéiten, sou de Wirtschaftsminister.

“De Campus bitt de verschiddene Partie-prenanten eng Plattform un, wou se eebe grad dat Zesummekommen hunn, wou se d'Wësse kënnen deelen, wou se Iddie kënnen entwéckelen, hir Aktivitéiten awer och testen, validéieren an domat eeben och hir eegen Aktivitéiten ausbauen a stäerke kënnen."

Lauschterenplay_arrow

Grad dës Synergië wieren de Message-clé vum ganze Site, esou den DP-Politiker.

De Vize President vu Goodyear, Xavier Fraipont, huet iwwerdeems annoncéiert, datt hiert Personal zukünfteg och op den Automobility Campus plënnert. Dëst ass fir Enn 2026 virgesinn.