Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Hildegard - Cruel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chamber diskutéiert d'Fermeture vun der Strooss tëschent Bieles an dem franséische Rédange

Petitioun

Chamber diskutéiert d'Fermeture vun der Strooss tëschent Bieles an dem franséische Rédange

An der Chamber gouf um Donneschdegmoien eng Petitioun ëffentlech debattéiert an där et ëm déi geplangte Fermeture vun der Strooss tëschent Bieles an dem franséische Rédange gaangen ass, esou wéi se am nationale Mobilitéitsplang 2035 virgesinn ass. Eng Léisung ass awer nach net a Siicht.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow
D'Petitionärin Sandrine Mlodzieniak. (Foto: Chambre des députés)

D’Petitioun, déi ronn 4.900 Stëmme kritt huet, verlaangt, datt déi Strooss net soll zougemaach ginn. Duerch déi geplangte Fermeture géif sech den Trafic op d’Liaison Micheville verlageren, also dem Verbindungstunnel tëschent Bieles an Däitsch-Oth a Frankräich, fäert d’Petitionärin Sandrine Mlodzieniak, déi zu Audin-le-Tiche lieft.

D'Petitionärin Sandrine Mlodzieniak

Lauschterenplay_arrow

D’Liason Micheville, déi 2023 opgaangen ass, wier elo scho komplett saturéiert.  Eng Rei Deputéiert an déi zoustänneg Transportministerin Yuriko Backes hu sech no der Debatt am huis clos beroden. Eng direkt Léisung wier de Moien net fonnt ginn, esou d’Presidentin vun der Petitiounskommissioun, Francine Closener.

D’Petitionärin hätt sech awer Gedanke gemaach fir Alternativen, déi si der Chamber elo soll zoukomme loossen. Wéini d’Strooss tëschent Bieles an dem franséische Rédange soll zougoen, ass iwwerdeems nach net gewosst.

Aktualitéit
Mobilitéit
National
Politik