Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Konventioun mam Staat: 692 Milliounen Euro fir ënner anerem CFL-Elektrobusser

Mobilitéit

Nei Konventioun mam Staat: 692 Milliounen Euro fir ënner anerem CFL-Elektrobusser

De Staat an d'CFL hunn eng nei Konventioun, wat de Passagéiertransport mat Busser ugeet. Wat eng Konventioun mam TICE ugeet, do soll nach virum Summer eng Léisung fonnt ginn, esou d'Yuriko Backes.

auto_stories

1 min

CFL Bus | © Wikimedia Commons
Foto: Wikimedia Commons

Nach virum Summer soll eng nohalteg Léisung fonnt ginn an den Diskussiounen ëm eng nei Konventioun tëschent dem Staat an dem TICE, dem ëffentlechen Transportreseau an de Südgemengen. Dat sot d’Mobilitéitsministerin Yuriko Backes an der Chamber. 

D’Chamber huet gëschter um Donneschdeg och nach gréng Luucht gi fir d’Konventioun tëschent dem Staat an den CFL fir de Passagéiertransport iwwer de Busservice. Tëschent 2025 an 2034 wäert de Staat ronn 692 Milliounen Euro bezuelen, ënner anerem fir Diesel-Gefierer duerch Elektro-Busser ze ersetzen.