Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Petitionäre wiere sech géint d'Fermeture vun der Strooss tëscht Réideng a Bieles

Vill vu Frontaliere genotzt

Petitionäre wiere sech géint d'Fermeture vun der Strooss tëscht Réideng a Bieles

D'Petitioun fir d‘Strooss CR178 tëscht dem franséische Réideng a Bieles opzeloossen, kann an der Chamber ëffentlech debattéiert ginn. D'Strooss gëtt all Dag vu ville Frontaliere genotzt, soll dem nationale Mobilitéitsplang no awer fir de Verkéier kënnen zougemaach ginn.   

auto_stories

1 min

CR178 | © Google Maps
Screenshot: Google Maps

D‘Petitioun huet rezent de Seuil vun de 4.500 néidegen Ënnerschrëften erreecht.

D‘Petitionärin, déi zu Audin-le-Tiche a Frankräich lieft an zu Lëtzebuerg schafft, argumentéiert, datt déi Strooss vu ville Frontaliere benotzt géif ginn. Et wier dofir am generellen Interêt, fir se opzeloossen.

De Lëtzebuerger nationale Mobilitéitsplang 2035 gesäit vir, datt an där Strooss Bornen installéiert gi fir d'Strooss fir de Verkéier kënnen zouzemaachen, an domat ënner anerem Bieles vum Trafic ze entlaaschten.