Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vëlosprimmen vum 1. Oktober u just nach fir Cargo-Bikes

Mobilitéit

Vëlosprimmen vum 1. Oktober u just nach fir Cargo-Bikes

Bei de Vëlosprimm wier d’Zil erreecht an dofir missten d’Subside fir déi meescht Vëloen net weider gefouert ginn. Dat huet den Ëmweltminister virun der Press iwwert de Klimabonus Wunnen a Mobilitéit erkläert. Eng Ausnam gëtt et.

auto_stories

1 min

Cargo Bike | © Unsplash / Mark Stosberg
Foto: Unsplash / Mark Stosberg

Dës Explikatioune koumen, nodeems de Premier Luc Frieden an der Ried zur Lag vun der Natioun ugekënnegt hat, datt ab dem 1. Oktober just nach Cargo-Bikes, also Vëloen, déi fir den Transport vu Wueren, Déieren oder Kanner geduecht sinn, finanziell vum Staat ënnerstëtzt wäerte ginn.

Ab dem 1. Oktober kënne 50 Prozent vum Gesamtpräis vun engem Cargo-Vëlo vum Staat iwwerholl ginn. Bis zu 1.000 Euro Maximum. D’Iddi wier et, och dee Marché unzekierpen, erkläert de Serge Wilmes nach weider.

Zanter 2020 si bal 83.000 där Subside fir de Kaf vun engem Vëlo ugefrot ginn, esou de Serge Wilmes.

Eleng an deenen éischte 5 Méint vun dësem Joer si schonn iwwer 7.000 Demande-de-subsidë fir Vëloen ugefrot ginn. Bis den 30. September kann dee Subside nach weiderhin ugefrot ginn.

Fir Stéit, déi d’allocation de vie chère oder d’Energieprimm kréien, ginn och nom 1. Oktober weiderhi bis zu 600 Euro beim Kaf vun engem Vëlo iwwerholl.