Logement géif vun der CSV-DP-Regierung géint Naturschutz ausgespillt ginn, dobäi missten déi zwee zesumme geduecht ginn, fir d’Liewensqualitéit op laang Siicht ofzesécheren.
De Co-President vun déi gréng, de Francois Benoy, huet sech iwwerdeems gefrot, wou den CSV-Ëmweltminister wier – dee géif riskéieren an d’Geschicht anzegoen als Marionett vum Dereguléierungspremier Luc Frieden an der Agro-Industrie-Ministesch Martine Hansen, esou nach de Francois Benoy.