Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Teddy Swims - Bad Dreams

play_arrow Live
search

/ Buslinne fir verschidden Industrie-Sitte bleiwe bestoen

Decisioun vum Yuriko Backes

Buslinne fir verschidden Industrie-Sitte bleiwe bestoen

D‘Buslinne fir verschidden Industrie-Sitte ginn elo awer net gestrach. Dat schreift den LCGB de Moien an engem Communiqué.

auto_stories

1 min

Dat hätt déi nei Mobilitéitsministerin Yuriko Backes elo decidéiert. Et war jo schonn e puer Mol ugekënnegt ginn, datt verschidde Buslinnen aus Käschtegrënn solle suppriméiert ginn.

Dem LCGB no wieren 800 Salariée concernéiert, déi da keng Méiglechkeet méi hätten, mam Bus op hir Aarbechtsplaz ze fueren.