Een ëmstriddent ungarescht Gesetz verbitt d’Organisatioun esou wéi d’Participatioun un der Budapest Pride.
Trotz dem Drock vu verschiddene Memberlänner an aus dem Europaparlament huet déi Europäesch Kommissioun keng extra Mesurë géint Ungarn geholl, wéinst dem Gesetz.
Den ungaresche Premier Viktor Orban hat viru rechtlechen a legale Konsequenze gewarnt, fir déi Mënschen déi un der Pride géifen deelhuelen.
Bei der Pride Parade fir d‘Rechter vun der LGBTQIA+-Communautéit waren trotzdeem tëschent 100.000 an 200.000 Participanten present, dorënner och Lëtzebuergesch Europadeputéiert. Et war en neie Rekord.