Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - Up With People

play_arrow Live
search

/ Berlin: Klimaaktivist no Hongerstreik a Spidol ageliwwert

Protest géint déi däitsch Regierung

Berlin: Klimaaktivist no Hongerstreik a Spidol ageliwwert

Zu Berlin gouf ee vun de Klimaaktivisten, déi an engem Hongerstreik sinn, an eng Klinik ageliwwert. De Mann vun 49 Joer wier an akuter Liewensgefor, soten d‘Dokteren. Hie wier zënter 89 Deeg am Hongerstreik gewiescht.

auto_stories

1 min

Wolfgang Metzeler | © picture alliance / Jörg Carstensen
Wolfgang Metzeler (Foto: picture alliance / Jörg Carstensen)

E puer vun den aneren Aktivisten, déi zënter Wochen zu Berlin am Hongerstreik sinn, wiere gesondheetlech an engem deels ganz schlechtem Zoustand, esou nach d‘Dokteren.

D‘Klimaaktiviste fuerdere vum däitsche Kanzler Olaf Scholz an der däitscher Regierung méi Efforte fir d‘Klimakris ze bekämpfen.