De Staat hätt nach missten eng Rëtsch Dokumenter un den Ëmweltministère noreechen, déi gefeelt hunn. Dat sollt awer elo kuerzfristeg geschéien. Donieft wieren d‘Gespréicher mat der Firma St Gobain nach net ofgeschloss, déi muss plënneren, fir datt dës Variant vum Contournement ka gebaut ginn.
Dëst Joer sollen awer nach déi éischt Ausschreiwunge publizéiert ginn, sou dass fréistens 2025 mam Chantier kéint ugefaange ginn.