Vun 1983 u gouf d'Weststreck just nach fir Gidderzich benotzt. Fir d’Quartieren op der westlecher Säit vun Tréier bitt dës Weststreck awer eng méi einfach an direkt Verbindung a Richtung Lëtzebuerg an dowéinst gouf 2012 e Projet lancéiert, fir dësen Tracé fir de Persounentransport ze reaktivéieren.
Dofir goufen elo op enger Längt vun 19 Kilometer 5 nei Arrêten op der lénker Säit vun der Musel gebaut. Dat sinn Trier-Zewen, Trier-Euren, Trier-West, Trier-Pallien an Trier Hafenstrasse.
Duerch déi nei Streck muss ee lo net méi onbedéngt duerch den Zentrum vun Tréier fueren, mee et kann een op engem vun den neien Arrête rausklammen an da vun do aus an den Zentrum vun Tréier trëppelen. Et wäerten awer weider all Stonn zwee Zich op Tréier fueren: Ee lénks laanscht d’Musel an ee riets.
Wéi eng Virdeeler brengt dat mat sech?
An éischter Linn erwaart ee sech do natierlech eng besser Verbindung tëschent Lëtzebuerg an dem Tréierer Raum, déi souwuel de Leit, déi do wunnen, wéi och de Lëtzebuerger, déi op Tréier fueren, ze gutt soll kommen. Et géif net drëm goen, d'Trajeten ze verkierzen, mee hir Offer ze vergréisseren, heescht et vun der CFL. Och den Tréierer Buergermeeschter Wolfram Leibe huet kloer Erwaardungen, wat déi nei Streck soll bréngen.
"Und danach würde ich mich sehr freuen, wenn Triererinnen und Trierer mal am Wochenende nach Luxemburg-Stadt fahren. Die Verbindung geht ja direkt an den Hauptbahnhof in Luxemburg. Oder Luxemburgerinnen und Luxemburger in die andere Richtung fahren, Trier besuchen oder die Region Trier. Bequemer geht es gar nicht."
Vun den neien Arrêten Trier-West an Trier-Pallien kënnt een nämlech ganz einfach a confortabel mam Bus an den Tréierer Stadzentrum. Och Studenten a Studentinne profitéiere vum Arrêt Trier-Pallien, deen net wäit vun der Héichschoul Tréier ewech läit.
E puer Ännerungen
Déi nei Weststreck huet dann och Virdeeler fir all d’Frontalieren, déi all Dag den Aller-retour maachen, erkläert de Ralf Thieme vun der Deutsche Bahn.
Den Zuch, deen tëschent Lëtzebuerg a Koblenz verkéiert, wäert wéi gewinnt um alen Tracé iwwert den Hauptbahnhof zu Tréier fueren, grad esou wéi den Zuch, dee Lëtzebuerg an Düsseldorf verbënnt. Wat ännert ass, datt den Zuch tëschent Lëtzebuerg a Wittlich iwwer déi nei Weststreck fiert an dofir op de 5 neien Arrêten hale bleift.
Fir den Zuchverkéier zu de Spëtzenzäiten zousätzlech ze entlaaschte wäert moies an owes zur Haaptverkéierszäit awer e weideren Zuch agesat ginn, deen op den Tréierer Hauptbahnhof fiert.