arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Attack op Onofhängegkeet vu Justiz an Universalitéit vu Grondrechter

Fräie Mikro 

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Attack op Onofhängegkeet vu Justiz an Universalitéit vu Grondrechter

An engem oppene Bréif hunn 9 europäesch Regierungscheffen op Initiativ vun Italien, den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter kritiséiert a gefuerdert, an der Immigratioun dierften dësem seng Entscheedungen net ze wäit goen. 

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Eng kaum verstoppten Attack op d’Onofhängegkeet vun der Justiz an d’Universalitéit vun de Grondrechter fënnt de Frank Wies, Affekot a Mënscherechtsaktivist. 

Wann de Chef vun enger Regierung schreift, d’Sécherheet an d’Stabilitéit vun “eiser” Gesellschaft missten déi héchste Prioritéit hunn an iwwert allem anere stoen, da muss een d’Ouere spëtzen. 

Mënscherechter gëlle fir Jiddereen

Nach méi wann am selwechten Otemzuch engem Geriicht virgeworf gëtt, déi falsch Leit ze beschützen, well et sech getraut hat d’Ausweisung vu stroffällege Persounen ze refuséieren.

Dat well déi Betraffe riskéiert hunn an hirem Heemechtsland Folter oder aneren onmënschleche Konsequenzen ausgesat ze ginn. 

Do huet sech dach net e Geriicht erlaabt enger Regierung virzeschreiwen, datt d’Mënscherechter fir jidderee gëllen, och fir déi, déi sech net un eis Reegele gehalen hunn. 

Mënscherechter néi interpretéieren? 

An doru stéieren sech déi 9 Regierungscheffen an hirem oppene Bréif. Et misst een d’Mënscherechter nei interpretéiere wann et ëm irregulär Migratioun geet. 

Si soen si géifen duerch eng iwwerdriwwen Ausleeung vun de Mënscherechter duerch de Stroossbuerger Geriichtshaff an hiren Handlungen ageschränkt ginn. 

An dobäi ass dat jo eigentlech de Sënn an Zweck vun engem Rechtsstaat, an deem eng onofhängeg Justiz och enger Regierung op d’Fanger klappe kann, wann dës sech net u geltend Gesetzer hält. 

Och a grad da wann et ëm Persoune geet, déi engem manner sympathesch sinn, well si déi falsch Pabeieren hunn oder esou guer stroffälleg gi sinn.

Ass där enger Persoun hir Dignitéit manner wäert ewéi där anerer hir?

Geet et den Initiateure vum dësem Bréif no, soll wuel an Zukunft hannert all Artikel vun der Mënscherechtskonventioun den Zousaz stoen, “ausser et handelt sech ëm e Migrant, dee vun den Autoritéiten als geféierlech agestuuft gëtt”.

An domat géife mir e Grupp vu Mënsche schafen, deenen hier Dignitéit manner wäert ass. Well dorëms geet et am Endeffekt, wann ee seet, datt all Mënsch Grondrechter huet. Dat ass de Minimum deen all Mënsch zousteet fir ze garantéieren, datt en seng mënschlech Dignitéit net verléiert. 

A genau dofir mussen se fir all Mënsch gëllen an och dofir muss en Agrëff an des Rechter wuel begrënnt si mat der Méiglechkeet, datt de Respekt vun der Proportionalitéit vun engem onofhängege Geriicht kann iwwerpréift ginn.

Des Onofhängegkeet gëtt a Fro gestallt, wann d’Politik ufänkt d’Justiz fir dat eegent Versoe responsabel ze maachen. 

Wann si keng Äntwerte méi sicht op d’Erausfuerderunge vun eiser Zäit, mee just nach Sënnebéck. An dësem Fall de béise Riichter, dee misst gebremst ginn, fir de Regierunge fräi Hand ze loossen am Kampf géint irregulär Migratioun.

Onfäegkeet Léisunge fir Problemer ze fannen

D’Ursaache vun der Migratioun si villfälteg. Wirtschaftlech Verwerfungen, Kricher, Korruptioun, Klimawandel. Si hunn awer all eppes gemeinsam. De Mënsch ass dofir responsabel a wat de Mënsch verursaacht, kann en och nees riicht béien.

Dat ass natierlech laangwiereg, komplex a bréngt am Politbarometer op kuerz Siicht manner Applaus, wéi Ressentimenter géint Auslänner an eng onofhängeg Justiz ze schueren. 

Mat hirem Bréif offenbaren dës Politiker eigentlech just hier Onfäegkeet Léisunge fir déi komplex Problemer vun eiser Zäit ze fannen.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.

play_arrow Lauschteren