De Communiqué vun Ampacet Europe an Ampacet Luxembourg gouf gëschter Owend iwwer hiren Affekot un d’Press geschéckt. Normalerweis géif Ampacet kéng Presse-Matdeelungen zu sozialen Aspekter bei der Firma publizéieren, heescht et do. Mee et wiere vill falsch Informatiounen iwwer d‘Aarbechtskonditiounen an der Fabréck zu Diddeleng verbreet ginn, an et wier néideg, dat ze rektifizéieren.
Keng Interimairen, esou Ampacet
Anescht wéi behaapt gouf wieren deemno keng Interimairen zanter dem Ufank vum Streik agestallt ginn. An d‘Salaire vum Personal wieren net op de legale Minimum reduzéiert ginn.
Wat déi gescheitert Verhandlunge fir een neie Kollektivvertrag ugeet seet Ampacet: Hir lescht Offer wier vill méi héich an avantagéis gewiescht, wéi den OGBL dat an de Medien duergestallt hat.
Illegaalt Verhale beim Streik?
Ampacet schwätzt dann och vun illegalem Verhale beim Streik. Déi ronn 30 Prozent vun de Salariéen, déi net streiken, géifen intimidéiert a verbal agresséiert ginn, wa si schaffe ginn. An d‘Fournisseuren a Clientë géife bei der Entrée vum Sitte blockéiert ginn, trotz enger Decisioun vun der Justiz, déi dat verbidde géif.
Ampacet géif de Salariéen hiert Recht ze streike respektéieren. Mee den OGBL misst oppassen, datt dat Recht friddlech ugewannt gëtt, sou de Communiqué vun Ampacet.
Den OGBL hat gëschter um 8. Dag vum Streik kritiséiert, datt ee nach näischt vun der Ampacet Direktioun héieren hätt. De Streik géif weider goen, esou d’Gewerkschaft. Si huet den Aarbechtsminister Georges Mischo opgeruff, bei der Direktioun ze intervenéieren. De Minister sot gëschter awer virun der Press, et misst ee fir d’éischt d’Sozialpartner matenee schwätze loossen, ier hien intervenéiere géif.