Et war net einfach, si ze iwwerzeegen, seet déi bäigeuerden OGBL Zentralsekretärin Isabel Scott. D‘Personal bei Amazon Lëtzebuerg wier ganz international, si hätte wéineg Kontakt mam institutionelle System zu Lëtzebuerg a géifen d’Gewerkschaften net kennen. Mee och d'Kultur vun Amazon wier eng Erausfuerderung.
"D’Kultur vun Amazon effektiv ass, datt Amazon konkreet géint d’Gewerkschafte virgaangen ass, net nëmmen an den USA, mee och grouss finanziell Efforten asetzt an Europa fir d’Gewerkschafte bausse vir ze halen."
"Si wësse wat um Spill steet"
Datt 30 Amazon Mataarbechter zu Lëtzebuerg sech elo getraut hunn, op enger Gewerkschaftslëscht fir d’Sozialwalen ze kandidéieren, ass net evident.
"Si sinn net naiv, si wësse ganz genee, wat um Spill steet.
Mee si wéissten och, datt och zu Lëtzebuerg vill Leit bei Amazon entlooss goufen, esou d’Isabel Scott:
"Dat ass eben e Punkt, deen d‘Leit eis hei genannt hunn. Si soten, mir hu gesinn, wéi dat ofgelaf ass iwwert déi lescht zwee Joren, wou wierklech Honnerte Leit entlooss goufen, a mir si net averstane, wéi dat gaangen ass."
Aktuell Personaldelegatioun net genuch Distanz zum Management
Et géif och Bedenke ginn, iwwert déi aktuell onofhängeg Personaldelegatioun. Déi hätt nämlech net genuch Distanz zum Management, fënnt d'Isabel Scott.
Et wäert och net einfach fir den OGBL ginn, sech bei de Wale géint déi aktuell, gutt placéiert, Personaldelegatioun bei Amazon duerchzesetzen. Et wiere vill Manageren drop seet nach d’Isabel Scott. Op hirer Lëscht fir de Mix méi heterogen. Do wieren zum Beispill och Leit drop, déi vun engem Plazenofbau direkt betraff wieren.