Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trotz Kritik un aktueller Situatioun: Bei Amazon Lëtzebuerg begréisst een d'Sozialwalen

Personaldelegatioun ze no um Management drun?

Trotz Kritik un aktueller Situatioun: Bei Amazon Lëtzebuerg begréisst een d'Sozialwalen

Amazon Lëtzebuerg hätt sech déi lescht Joren ëmmer konstruktiv engagéiert fir mat der Personaldelegatioun op deene Sujeten ze schaffen, déi de Mataarbechter an der Firma am wichgeste sinn. Dat äntwert Amazon schrëftlech op eis Nofro hin no Aussoe vum OGBL.

auto_stories

1 min

Amazon | © Foto: Jonathan Weiss / Bigstock
Amazon (Foto: Foto: Jonathan Weiss / Bigstock)

Déi bäigeuerdent OGBL-Zentralsekretärin Isabel Scott hat op eiser Antenn gesot, déi aktuell Personaldelegatioun bei Amazon Lëtzebuerg hätt net genuch Distanz zum Management.

Den OGBL huet fir d’Sozialwalen den 12. Mäerz eng éischte Kéier bei Amazon Lëtzebuerg eng Gewerkschafts-Lëscht deposéiert.

Amazon schreift, et géif een den Interessi an d’Sozialwale begréissen, an d’Mataarbechter wiere reegelméisseg driwwer informéiert ginn. Déi aktuell Personaldelegatioun bei Amazon Lëtzebuerg géif zanter méi wéi néng Joer existéieren.