Radioen

On air

Spektrum  |  Pearl & The Oysters - Side Quest

play_arrow Live
search

/ Am mannste Plaintë bei Luxair-Flich vu Lëtzebuerg aus

Konsumenteschutzministerin

Am mannste Plaintë bei Luxair-Flich vu Lëtzebuerg aus

Fir den Ufank vun der Summervakanzenzäit huet d’Konsumenteschutzministerin Martine Hansen haut um Fluchhafe Findel iwwert de Fluchpassagéier hir Rechter informéiert.

auto_stories

2 min

Foto: Europäesch Unioun

An de leschten zwee an engem hallwe Joer goufen et bei de ronn 58.000 Volle vum Findel aus, bei 1,4 Prozent vun dëse Flich Plainten. Zum Beispill wéinst Retarden oder Annulatiounen.

"Et stellt ee sech d’Fro vun der nationaler Airline: do hu mer och d’Chiffere raus gerechent, an déi leie bei wäitem do drënner a si ass bei wäitem déi Airline, déi an der Proportioun vun de Vollen déi mannst Plainten huet, bei deene Vollen, déi hei vu Lëtzebuerg aus fort fléien."

D’Luxair wier bei wäiten déi Airline mat proportional deene mannste Plainten, bei de Flich vu Lëtzebuerg aus, huet et de Freideg de Moien op der Pressekonferenz um Findel geheescht.

D'Zuel vun de Flich ass méi staark geklommen, wéi d'Plainten

Déi meescht Plaintë géife wéinst Retarde gemaach ginn an d‘Zuel vun de Flich wier méi staark geklommen, wéi d‘Plainten.

"Wat vun eiser Siicht aus gutt ass, dat ass dass mer d’Dossiere méi séier traitéieren. Mir hu wéi gesot 84 Prozent vun den Dossieren innerhalb vun dräi Méint. D’lescht Joer waren et nach 62 Prozent."

Méi Informatioune bei Verspéidungen oder Annulatioune vu Flich, grad wéi ee Simulator vun de Passagéierrechter fënnt een um Internetsite passengers.lu vun der Direction de la protection des consommateurs. Do ginn et och Informatioune fir de Fall vu Surréservatioune bei Vollen, grad wéi bei Problemer mam Gepäck.

Aktualitéit
Mobilitéit
National