Zënter 2022 gëtt dëst a 4 Grondschoulen am Kader vum Piloteprojet “Alpha-Zesumme wuessen” proposéiert. Elo ass de Projet evaluéiert ginn, an deen hätt seng Friichte gedroen, resuméiert den Educatiounsminister.
Ronn 140 Schüler:inne waren am Piloteprojet Alpha – Zesumme wuessen involvéiert. D’Klasse ginn net ganz opgedeelt, mee just an de Sproochefächer an am Rechne getrennt. Bei anere Fächer wéi an den Naturwëssenschaften zum Beispill ginn déi zwou Alphabetiséierungsgruppen zesummen enseignéiert an zwar op Lëtzebuergesch. Unhand vum Projet hätt ee kënne gesinn, datt d’Schüler:inne manner schoulesch Schwieregkeeten haten, wa si an där Sprooch alphabetiséiert ginn déi hinnen am Nooste läit. Et géif just nach ee Kand vun 3 lëtzebuergesch oder däitsch doheem schwätzen. Esou wéilt een der Diversitéit vun der Lëtzebuerger Populatioun Rechnung droen an der „Bildungsschéier entgéint wierken“, seet den DP-Educatiounsminister Claude Meisch.
„An deen éischte Moment, wou mer dat kloer dokumentéiert och feststellen, dat ass de Cycle 3.1 an dat ass eebe just hannert der Alphabetiséierung.“
Déi Leeschtungsënnerscheeder déi ee bei de Kanner beim aktuellen Alphabetiséierungssystem erëmfënnt, géifen och bestoe bleiwen, bedauert de Claude Meisch, deen dofir op de Choix tëscht der däitscher oder franséischer Alphabetiséierung baut. Am Fréijoer 2027 sollen d’Elteren an d’Léierpersonal sech concertéieren a kucke wéi eng Alphabetiséierung fir d’Kanner am Beschten ugepasst ass, wa si an d’Grondschoul ginn. Am September 2027 sollen d’Schüler:innen dann an allen ëffentleche Grondschoulen kënnen ee vun deenen zwee Parcourse maachen.
Den Educatiounsminister betount awer, datt een trotz dëser Reform versicht de Kanner a béide Sproochen eng effizient Basis bäizebréngen.
De Regierungsrot huet dëse Gesetzesprojet schonn duerchgewonk. Elo muss d’Chamber dës Reform nach stëmmen. Wann de Gesetzesprojet ugeholl gëtt, sollen déi aner Grondschoul-Cyclen bis d’Rentrée 31/32 kënne Léiermaterial an deenen zwou Sproochen hunn.