Soubal d’AMMD hir Konventioun mat der CNS kënnegt, huet d’Gesondheetskeess zwee Méint Zäit, fir Verhandlungen iwwer eng nei Konventioun ze lancéieren. Iwwerdeems leeft vum Moment vun der Kënnegung un ee Preavis vun 12 Méint.
Ouni Eenegung gëtt e Règlement grand-ducal virgeluecht
Op d’mannst esou laang ännert sech fir d’Patienten a Patientinnen also näischt, seet de Chris Roller.
“Wa keen Accord sollt fonnt gi bis no zwielef Méint, da kann d’Gesondheetsministesch e Règlement grand-ducal eis quasi imposéieren. Wat natierlech elo net onbedéngt zu engem laangwieregen oder engem Laangzäiterfolleg wäert féieren, well do sécherlech Saachen dra stinn, wou mir net domat averstane sinn.”
U Proposen, fir de Fall wou muss iwwer eng nei Konventioun verhandelt ginn, géif een elo an den nächsten Deeg a Woche schaffen.
“Näischt gemaach” a “bëlleg Excusen”
Eent ass sécher: Esou wéi et den Ament ass, kann et net virugoen, ënnersträicht och nach eemol den AMMD-Vizepresident Carlo Ahlborn. Virop, wat d’Tariffer fir Dokteren an Doktesche baussent dem Spidolssecteur, ugeet.
“Si hu keng Anung, wat d‘Frais reelles sinn. An dat ass ee vun deene Problemer, datt am Extrahospitalier, do muss den Dokter alles aus senger eegener Täsch finanzéieren. An da gëtt dat gesot, dat wier solidaresch an equitabel. Et ass guer näischt. Dee System hei ass krank.“
Dobäi riicht sech d’Kritik vun der AMMD net nëmme géint d’CNS, mee och géint d’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez, déi an de leschten zwee Joer „guer näischt“ gemaach hätt, heescht et weider vum Carlo Ahlborn.
Et bräicht elo konkret Porpose vun der Ministesch, fir datt d’AMMD dës Konventioun net kënnegt.
Bis elo wier si just mat „bëllegen Excuse“ komm, esou nach de Chris Roller.
Méi Suen fir d'CNS
Um Mëttwochmoien, e puer Stonne virun der AGE vun der AMMD, hat d’Martine Deprez iwwerdeems annoncéiert, datt de Staat an Zukunft méi Suen an d’CNS wäert stiechen: Fir d’nächst Joer bedeit dat 39 Milliounen Euro méi wéi dëst Joer.
Trotzdeem géif d’Ministesch fir 2027 mat engem Defizit am CNS-Budget rechnen.
Ofwaarde wéi d'Regierung lo reagéiert
D'Entscheedung fir e Mandat fir d'Konventioun ze kënnegen wier elo virun allem e Warnschoss an e Rappel un d'Regierung. Elo wéilt ee kucken wéi d'Regierung géif weider fueren, sot de Chris Roller am 100,7-Interview.
De ganzen Interview mam Chris Roller
Ronn 300 Memberen ware gëschter Owend op der Generalversammlung. 5 Leit haten dogéint gestëmmt. Dem Chris Roller no, géifen et kanpp iwwer 2.000 aktiv Dokteschen an Dokteren zu Lëtzebuerg ginn.