Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 27 Kamerae iwwerwaachen an Zukunft d'Escher Gare

Esch-Uelzecht

27 Kamerae iwwerwaachen an Zukunft d'Escher Gare

Och ëm d'Videosurveillance op der Escher Gare ass et um Freideg am Gemengerot gaangen. An Zukunft sollen do mat 27 Kamerae bal 10.000 Meterkaree iwwerwaacht ginn, vun der Busgare iwwert d’Passerelle fir op de Gaalgebierg bis op de Boulevard Kennedy. Fir de Buergermeeschter Christian Weis, wier dat net vu Muttwëll.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Bigstock / Eric Z play_arrow
Foto: Bigstock / Eric Z

299 Fäll vu Gewalt géintiwwer Persoune goufen zejoert an dem Beräich festgehal. D'Surveillance am Kader vum Visupol-Projet soll ouni Gesiichtserkennung fonctionéieren.

Dem Christian Weis säi Virgänger Georges Mischo hätt de viregte Policeminister Henri Kox 2022 an deem Sënn ugeschriwwen, sot den CSV-Politiker. D’Gemeng hätt zejoert dunn och schonn Demarchen ënnerholl a selwer eng technesch Etüd erstelle gelooss. 

Zone kéinten erweidert ginn

Do gouf gekläert, op wéi enge Plaze, wéi eng Zort Kamerae kéinten installéiert ginn.

Dat, wat d’Kamerae weisen, géif vun der Poliss kontrolléiert ginn, de Käschtepunkt géif sech op 500.000 bis 600.000 Euro belafen.  Wat déi virgesinnen Zonen ugeet, déi ganz an Zukunft sollten iwwerwaacht ginn, kéint et sinn, datt ee vun 3 op 8 géif eropgoen, sou nach de Christian Weis.

Fir déi gréng maache Kamerae Sënn

De Steve Faltz vun der LSAP huet festgehalen, datt et ronderëm d’Gare scho méi Policepresenz géif ginn, plus eng Sécherheetsfirma, déi fir d’CFL schafft. Fir hie stellt sech d'Fro, wat d'Escher Gemeng gemaach hätt. Schliisslech wier et hir Aufgab, fir den ëffentleche Raum méi sécher ze maachen. Dee Virworf huet de Buergermeeschter zeréckgewisen.

An den Ae vum Mandy Ragni vun déi gréng maache sou Kamerae Sënn:

"Éischtens ginn déi Kamerae jo dann iwwert d'Police kontrolléiert. Zweetens ginn déi Donnéeë jo dann no zwee Méint geläscht. D’Gesiichtserkennung ass ausgeschloss, a just d'Police huet den Zougank drop.”

Déi Lénk als eenzeg géint den Avis gestëmmt

De Marc Baum huet dogéint d’Fro vun der Proportionalitéit opgeworf. Wier den Notzen héich genuch, fir et ze rechtfäerdegen? Datt no der Gare d’Brill- an d’Stadhausplaz sollen drukommen, plus da 5 aner Zonen, fënnt de Vertrieder vun déi Lénk egal wéi disproportionéiert.

Den Avis gouf mat just enger Géigestëmm vum Marc Baum ugeholl.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft