Ungarn huet als eenzegt EU Land d‘Fuerderung fir eng humanitär Waffepaus net matgedroen.
Déi 26 EU-Länner hunn Israel och nach opgefuerdert, kéng Buedemoffensiv op d‘Stad Rafah am Süde vun der Gazasträif ze lancéieren. De Xavier Bettel huet am 100,7 Interview virun engem Amarsch zu Rafah gewarnt, well do e groussen Deel vun der Populatioun, déi aus aneren Deeler vun der Gazasträif geflücht ass, sech ophält. Hie géif eng humanitär Kris do fäerten, sou de Xavier Bettel.