Eng vun den Organisatricen d'Maxime Miltgen, erkläert, datt eng vun den Haaptfuerderungen un déi nei Regierung ass, datt se beim opsetze vun enger Propositioun de loi, den Gendermainstream applizéieren.
"Also de Brëll vum Gender-Mainstream undoen, dat heescht iwwerall kucken, datt se déi Dimensioun vum Geschlecht an d'Ausaarbechtung vum Gesetz erabréngen."
D'Rechte vu Fraen a Fro gestallt
Eng weider Demonstrantin seet, datt nach ëmmer op all Niveaue vun der Gesellschaft, d'Rechter vu Fraen nach ëmmer a Fro gestallt ginn.
"Que ce soit dans la communauté scientifique ou que ce soit dans la rue, et c'est très important, je suis médecin, de maintenir une recherche scientifique en faveur de l'égalité des genres."
Geet jiddereen eppes un
Weider Demonstrantinnen an Demonstrante betounten, datt d'Marginaliséierung an Ënnerdréckung jiddereen eppes ugeet. Anerer si besuergt, driwwer, datt sou wéinech Fraen an der Chamber representéiert sinn.
"Fir mech grad, den Ausgang vun de Walen ass zimmlech schockéierend, och wat dat ugeet, wéi wéineg Fraen an der Chamber gewielt sinn an och als Ministerinnen"
Iwwergräifend a ville Beräicher
Eng weider Demonstrantin ënnersträicht, datt Feminismus a ganz ville Beräicher iwwergräifend ass.
"Feminismus ass Klassekampf, Feminismus ass Ëmweltschutz, Feminismus ass antirassistesch, Feminismus ass einfach intersektionell, et muss iwwerall applizéiert ginn an dowéinster keen ass fräi, bis mir all fräi sinn."
Eng Dosen Organisatiounen a politesch Parteien hunn dozou opgeruff um Fraemarsch deelzehuelen.