Aus dëser Zesummenaarbecht gi verschidden nei Seminairen erwier. Doriwwer eraus ass och eng Wanderausstellung iwwert d’Migration geplangt an et kéint ee sech och virstellen ee Musee zur Migratioun ze grënnen.
Migratioun wier keen neie Phänomen zu Lëtzebuerg, sou den Denis Scuto vum CDH, der digitaler historescher Unitéit vun der Uni Lëtzebuerg.
An de leschten 200 Joer wier Lëtzebuerg vun engem Auswanderungsland zu engem Awanderungsland ginn, sou den Historiker. Och de Buergermeeschter vun der Gemeng Diddeleng Dan Biancalana (LSAP) huet virun der Press ënnerstrach, datt d’Migratioun zu der DNA vu Lëtzebuerg géif gehéieren, an hofft datt een an de kommende 5 Joer vun der Chaire e Musée iwwert Migratioun zu Lëtzebuerg ëmsetze kéint.