Woubäi et fir de Claude Meisch e gesonden Equiliber bräicht.
“Konkret, am klassesche Lycée, wäert et eng Däitsch- an eng Engleschstonn sinn, déi op deenen zwee Joergäng da wäert reduzéiert ginn, an am Général wäert et eng Kéier eng Optiounsstonn sinn an eng Kéier eng Franséischstonn.”
E Schüler, deen sech reegelméisseg beweegt, hätt de Kapp méi fräi fir aner Fächer, sou de Minister. Dee sech de Moien och frou doriwwer sot, datt jiddereen d’Noutwendegkeet deele géif, datt d’Jugend méi Sport a Beweegung bräicht, an a baussent der Schoul.
D'Offer muss do ukomme wou si gebraucht gëtt
D’Francine Closener vun der LSAP huet d’Offer begréisst, déi esou geschafe gëtt nieft dem Smartphone. Et misst een awer kucken, wéi dee Pak ëmzesetzen ass, well d’Léierpersonal an d'Educatricen an d'Educateuren hätte scho vill ze dinn. Et wier net nëmmen eng Fro vu Käschten, mee och eng vun Organisatioun. Déi meescht Projete géifen op engem Fräiwëllegkeetsprinzip baséieren an dat wier op där enger Säit gutt. Op där anerer Säit misst ee sech froen, ob déi Offer och bei deenen ukënnt, déi et am meeschte géife brauchen. Dat wier do nach net ganz kloer, esou d'Francine Closener.
Et brauch een och d'Elteren u Bord
Fir d’Djuna Bernard vun déi gréng geet et drëms, de Kanner d’Begeeschterung ze vermëttelen, datt et eng Welt baussent dem Ecran gëtt. D’Fro wär just, wéi dat um Terrain ënnert all den Offeren ukënnt. Et wier wichteg, datt d’Léierpersonal an d'Educatricen an d'Educateure Bescheed wëssen, wéi si dat kënnen notzen.
Dës Mesurë wieren awer absolut z’ënnerstëtzen, sot d’Djuna Bernard. De Staat géif hei virleeën. Duerno wier et un den Elteren, fir dee Gedankegang weider ze féieren.
Iwwerdeems wäerten déi Changementer op Sixième vun der nächster an op Cinquième vun där iwwernächster Rentrée u Realitéit sinn.