Radioen

On air

Tockcity  |  Clipping. - Change The Channel (Clean Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum Lycée Robert Schuman an den Institut national des langues 

Plënneraktioun 

Vum Lycée Robert Schuman an den Institut national des langues 

Verschidde Klasse vum Lycée Robert-Schuman musse wéinst Renovéierungsaarbechte temporär plënneren. Dëst geschitt wärend der Fuesvakanz.

auto_stories

2 min

Lycée Robert Schuman | © Wikimedia Commons
Lycée Robert Schuman (Foto: Wikimedia Commons)

Wärend de Renovatiounsaarbechten am Lycée Robert Schuman gouf festgestallt, datt verschidden Deeler vum Gebai net mei kënne benotzt ginn. D'Direktesch Michèle Remakel betount, datt et keen Asbest am Gebai gëtt. Dat wier eng Rumeur, déi den Ament vill géif ronderëm goen. 

Keng Ännerunge fir de Premièresexamen

Déi iewecht Klasse vu Quatrième op Première déi plënneren dës Woch an den Institut national des langues an déi ënnescht Klassen, déi plënneren op de Rez-de-chaussée. De Premièresexame gëtt weiderhin an där grousser Sportshal geschriwwen. D'Plënneraktioun wäert also dodrop keng Repercussiounen hunn. 

D'Aarbechte solle generell keng gréisser Auswierkungen op d'Schoul hunn. Déi alldeeglech Projete wäerte weider lafen an och fir d'Rentrée sollen déi fënnef geplangten nei Septièmesklassen opgoen. 

Endresultat virun Ae behalen

Beim Kaméidi misst een elo flexibel sinn, esou d'Michèle Remakel. Deemno wéi misst ee rëm e puer Klasse verréckelen. Och beim Stonneplang vun den Enseignanteën an Enseignanten huet ee missen e puer Ännerunge virhuelen. Déi mussen ëmmerhin elo wärend de Schoulstonnen d'Gebai wiesselen. 

D'Aarbechte wäerte sécher net virum Hierscht ofgeschloss ginn, dofir wäerten an enger zweeter Etapp Pavillonen installéiert ginn. Sollt sech dofir decidéiert ginn, d'Gebai komplett frësch ze maachen, da wäert den Delai sech weider no hanne verréckelen. Dat wier awer zu dësem Ament nach net gewosst, sou d'Michèle Remakel. 

Lauschteren