Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi héich Fraise fir d'Uni Lëtzebuerg

UNEL kritiséiert

Méi héich Fraise fir d'Uni Lëtzebuerg

An engem Communiqué beklot sech d’Studentevereenegung UNEL um Méindegmoien iwwer en net justifizéiert Verduebele vun den Inscriptiounsfraisen op der Uni Lëtzebuerg. Vum September u misst ee 400 Euro amplaz 200 Euro pro Semester bezuelen. Dat géif d'Studentinnen a Studente bestrofen an d’Attraktivitéit vun der Uni schwächen. 

auto_stories

1 min

Uni Lëtzebuerg um Belval, Esch-sur-Alzette | © Daniel Schoenen
Uni Lëtzebuerg um Belval, Esch-sur-Alzette (Foto: Daniel Schoenen)

Enger Ëmfro no wären och 86,5 Prozent vun de Studentinnen a Studente géint esou e Verduebele vun den Inscriptiounsfraisen, soudatt d’Studentevereenegung d’Uni an d’Regierung opfuerdert, dës Decisioun ze iwwerdenken.