Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waffestëllstand riskéiert ze kippen - Spezial-Sommet iwwer den Erëmopbau vun der Gazasträif zu Kairo

Noen Osten

Waffestëllstand riskéiert ze kippen - Spezial-Sommet iwwer den Erëmopbau vun der Gazasträif zu Kairo

De Waffestëllstand an der Gazasträif riskéiert ze kippen. Israel wier bal mat der Gedold um Enn a géif nëmmen nach e puer Deeg weider iwwer déi zweet Phas vum Waffestëllstand-Accord verhandelen, sot den israeelesche Verdeedegungsminister Israel Katz.

auto_stories

1 min

Zerstéiert Gebai an der Gazasträif | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
Zerstéiert Gebai an der Gazasträif (Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)

Wann d'Hamas net geschwënn all d'Geisele fräiléisst, géif Israel nees mat Gewalt géint d'Hamas virgoen, huet den israeelesche Verdeedegungsminister gewarnt.

Wéinst dem aktuelle Blockage bei de Verhandlungen huet Israel zënter dem leschte Weekend schonn déi humanitär Hëllef an d'Gazasträif gestoppt.

Erëmopbau gëtt op iwwer 50 Milliarden US-Dollar geschat

D'Zukunft vun der Gazasträif steet haut um Dënschdeg och am Mëttelpunkt vun engem Spezial-Sommet vun de Länner vun der arabescher Liga zu Kairo. Si wëllen iwwer eng gemeinsam Positioun berode fir den Erëmopbau vun deem palästinenseschen Territoire. De Sommet ass eng Reaktioun op deen ëmstriddene Plang vum US-President Donald Trump, d'Gazasträif ënner US-Kontroll ze bréngen, fir se nees opzebauen an d'Awunner permanent an arabesch Länner ëmzesidelen.

Um Sommet zu Kairo ass och den EU-Conseilspresident Antonio Costa derbäi. D'UNO schätzt d'Käschte fir den Erëmopbau vun der Gazasträif op 53 Milliarden US-Dollar.