Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Krich an der Ukrain: Donald Trump stoppt bis op Weideres amerikanesch Militärhëllefen

3 Deeg nom Eclat am Wäissen Haus

Krich an der Ukrain: Donald Trump stoppt bis op Weideres amerikanesch Militärhëllefen

Den Donald Trump stoppt bis op Weideres déi amerikanesche Militärhëllefe fir d'Ukrain. Dat huet d'Wäisst Haus annoncéiert. D'Paus géif esou laang dauere bis de Wolodymyr Selenskjy bereet ass, iwwer Fridden ze schwätzen, esou dat Wäisst Haus.

auto_stories

1 min

Donald Trump | © picture alliance / Consolidated News Photos | Aaron Schwartz - Pool via CNP
Donald Trump (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Aaron Schwartz - Pool via CNP)

De President Trump hätt kloer gemaach, datt säi Fokus um Fridde léich. D'US-Militärhëllefe fir d'Ukrain géifen elo iwwerpréift gi fir ze kucken, ob se zu enger Léisung bäidroen.

D'USA hu bis elo dee gréissten Deel vun der militärescher Hëllef fir d'Ukrain geleescht. D'Annonce vum virleefege Stopp vun deenen Hëllefe kënnt dräi Deeg nom Eclat am Wäissen Haus bei der Visitt vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj beim Donald Trump.

Der Zeitung New York Times no soll de Stopp vun den US-Hëllefen direkt a Kraaft trieden. Betraff wieren och Waffen a Munitioun, déi schonn amgaange waren un d'Ukrain geliwwert ze ginn.

Selenskyj: Et feelt u Sécherheetsgarantien

Den US-Vize-President JD Vance sot an engem Interview op Fox News, d'Dier fir Verhandlungen tëschent dem Donald Trump an dem Wolodymyr Selenskyj wier nach ëmmer op, ënner der Konditioun, datt den ukrainesche President bereet wier iwwer Fridden ze verhandelen.

A engem Videomessage gëschter Owend sot de Selenskyj, hie géif weider op d'Ënnerstëtzung vun den USA hoffen, mee Russland géif de Krich um Lafen halen, well et keng kloer Sécherheetsgarantië fir d'Ukrain géif ginn.