Dat ass eng vun de grousse Conclusioune vum Retail Report 2024 dee vun der Luxembourg Confederation an der Chambre de commerce ausgeschafft gëtt. Am Detail ginn do d‘Situatioun an d‘Tendenze vum Lëtzebuerger Commerce analyséiert. E wichtegen Indicateur ass dobäi de Leerstand vun der Geschäftsfläch, dee wier vun 2023 op 2024 ëm 0,4 Prozent (vun 12,3 Prozent op 11,3 Prozent) zu Lëtzebuerg zeréckgaangen, seet de Wirtschaftsminister Lex Delles.
"Dat op allen Niveauen, souwuel d'Lokaler, déi mir am Eenzelhandel hunn, wéi awer och den Horeca-Secteur, och dee Leerstand geet zeréck."
Ee weidere grousse Constat ass deen, datt d‘Verkafsplazen sech weider vun de Stadzentren Direktioun Supermarchéen ewech entwéckelen. Gewënner sinn dobäi virun allem de Liewensmëttelberäich an d‘Fast Food Betriber. Verléierer ass d‘Liewensmëttelhandwierk mat Bäcker a Metzler, déi och vun de Supermarchéen opgefaange ginn.