Nom Eclat ee Freideg am Wäissen Haus, an no der franséisch-brittescher Initiativ fir eng partiell Wafferou an der Ukrain wëll de Luc Frieden also hei am Land d’Majoritéits- an d’Oppositiounsvertrieder informell consultéieren. Bei Sécherheetsfroen, déi ee breeden nationale Konsens bräichten, wier et normal esou Gespréicher ze féieren. Dat wieren Decisiounen déi net nëmmen déi nächst Legislaturpersiod géife betreffen, mee d'Politik vun den nächste Joerzéngten.
Oppositioun weist sech frou iwwer Initiativ
Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot fënnt et positiv, datt de Premier dës Gespréicher iwwert d’Sécherheetslag wéilt féieren. Et wier kloer, datt elo an déi eegen Defense misst investéiert ginn.
"Mir musse realiséieren an Europa, datt elo de Moment komm ass – an och hei zu Lëtzebuerg – fir an eng europäesch Defense ze investéieren, mat Waffen a mat Cyber-Instrumenter Made in Europe."
Och déi gréng Deputéiert Sam Tanson begréisst déi national Initiativ fir Gespréicher ze féiere vum Premier.
"Dat ass een Thema, dat wäit iwwert d’Parteipolitik eraus geet. A mir sinn natierlech bereet fir mat him deen Echange ze féieren."
Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup fënnt et gutt, datt de Luc Frieden och mat der Oppositioun iwwert d’Sécherheetsfroe wéilt schwätzen.
Zur Initiativ vu Frankräich a Groussbritannie fir eng partiell Wafferou an der Ukrain, an zur Fro vun enger eventueller “Koalitioun vun de Wëllegen” wollt de Premier Luc Frieden um Méindeg nach näischt soen. Hie wéilt fir d’éischt Detailer dozou um EU-Sommet en Donneschdeg héieren, esou de Lëtzebuerger Regierungschef.