Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Paul McCartney - Coming Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Desert Blues

Desert Blues

headphones

61 min

Lauschteren play_arrow

“Tamotaït’ ass dee fënnefte Studioalbum vun der Touareg Band Tamikrest, en Disk, dee si dësen Donneschdeg 23. Mee zu Wolz um 8 Auer am Brandbau virstellen. De Serge Tonnar ass mat senger Gittar am Virprogramm. E Rendez-vous, deen e flotten Owend versprécht!

Decouverte vun dëser Woch ass déi pakistanesch Sängerin Arooj Aftab. Si ass schonn a jonke Jore vill gereest an huet um bekannte Berklee College of Music studéiert. Den neien Album “Night Reign” ass ënnerwee, hei e klenge Virgeschmaach.

De franséischen Hadouk Trio gouf 1996 vum Didier Malherbe a Loy Ehrlich gegrënnt mam Perkussionist Steve Shehan.
Den Numm Hadouk kënnt vun den Haaptinstrumenter, déi den Ehrlich an de Malherbe spillen, den Hajouj en afrikanesche Bass an den Doudouk eng armeenesch Oboe.

Mir maachen och e Sprong an den Norde bei 9bach, en alternative Folk-Ensembel mat der schéiner Stëmm vun der Lisa Jên. Hiren Album “Anian” werft e kritesche Bléck op eis Welt vun haut, heescht et.

Weider Etappe si Lissabon a Kuba …

Playlist:
1. Tamikrest - Azawad - Tamotaït
2. Tamikrest - Amzagh - Tamotaït
3. Serge Tonnar & Legotrip - Bommeleeër Buddha - Deng Mamm!
4. Zita Swoon Group - Sababu - Wait for Me
5. Arooj Aftab - Raat Ki Rani - Night Reign
6. Hadouk Trio & Malouma Mint Meidah - Tourneblues (Live) - Baldamore (Live At Cabaret Sauvage)
7. 9bach - Heno - Anian
8. Merryn Jeann - See Saw - Merryn Jeann
9. Dead Combo & Marcia - Visões Ficções - Voz e Guitarra 2
10. Marc Ribot y Los Cubanos - No Me Llores Mas - Marc Ribot Y los Cubanos Postizos

Musek
Rock a Pop

Episoden

One Step forward, two Steps backward

Nei-Verëffentlechungen wéi dem Flox säin Album "Square" oder dem Jay-Jay Johanson säin 2021er Album "Rorschach Test", eng Harfistin vu San Diego an zwee Kult-Disken
headphones

56 min

play_arrow

Connecting people

Museker aus verschiddene Kulturen, déi zesummen eng nei Stëmm fannen, e Piano begéint d'Electro, Hunneg-séiss Kläng aus Anatolie sinn derbäi an e Rock, deen Damp ofléisst.

Weltbierger

Den algeresche Chaâbi geet op d'Rees, e jonken Duo aus Tunesien, eng 100 % Frae-Grupp vu Paräis, dee plakeg am Feier danzt an eng Slide Gittar, ënnerwee vun Hawaii op Kalkutta.
headphones

57 min

piano

E bekannte Pianist, deen e villsäitegt Wierk hannerléisst, e Punk an en Jazz-Mann zesumme fir en Hippie-Lidd, a Lidder iwwer d'Léift an hirer puerster Ausdrocksform.

Think Zik!

Eng afrikanesch Griotte ënnerwee an d'Zukunft, bekannte Love Songs originell revisitéiert an e Piano mat véier Hänn, deen an d'Ouer vun de Mënsche flüstert.

zai zai zai zai (Siffler sur la colline)

Museker, fir Fridden a Mënscherechter, Rebellen, déi dreemen, eng Schéiferin, déi hire Veréierer un der Nues ronderëm féiert an e spannende Geschichten-Erzieler
headphones

60 min

Crescendo-Staccato

Nei-Verëffentlechungen, vereenzelt Must-have-Titelen, déi a kenger gudder Discothéik feelen däerfen, eng spannend Alchimie an en Hauch Schwäizer Biergloft

Remembering Arbëresh

Musek aus Westafrika, Lidder, déi de Lockdown ervirbruecht huet, eng Jazz-Jam vun Tel-Aviv, Kläng vun den Arbëresh an en "ozeanescht Gefill"

Soft and Hard

En Engagement fir d'Gläichberechtegung tëschent Wäiss a Schwaarz, e Brudder, dee kee kennt, de Kuelestoff als Inspiratioun fir en Album, a psychedelesch Téin aus der Tierkei
headphones

60 min

play_arrow

De Summer 2022

Irresistibel Kläng aus Brasilien, elektresche Blues-Rock, eegesënneg Singer-Songwriter an nostalgesch Nouten
headphones

56 min

play_arrow

Soft and Hard

En Engagement fir d'Gläichberechtegung tëschent Wäiss a Schwaarz, e Brudder, dee kee kennt, de Kuelestoff als Inspiratioun fir en Album, a psychedelesch Téin aus der Tierkei
headphones

60 min

play_arrow

Ent-Schleunegung

Neies vun der Souad Massi, Yodi, Groundation a vu ganz onbekannten Artisten an zwou ëmwerfend Gittaren aus Mexiko, déi sech all Genre zu eege maachen.
headphones

60 min

play_arrow