arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ zai zai zai zai (Siffler sur la colline)

zai zai zai zai (Siffler sur la colline)

Lauschteren play_arrow
headphones

60 min

Nightmares On Wax gouf 1988 vum George Evelyn a Kevin Harper gegrënnt. Si gëllen als onëmgänglech Vertrieder vum DownBeat-Genre. Béid Museker hunn hir Wuerzelen an den Hip-Hip-Projete vun den 80er, wou si als Dj a Remixer geschafft hunn. "Shout Out! To Freedom..." ass hire leschten Album, bei deem si mat néng Artisten zesummegeschafft hunn, dorënner Beautiful People, Shabaka Hutchings an Haile Supreme.


Déi englesch Specials hu sech zanter hirer Grënnung Enn de 70er fir d'Mënscherechter agesat, denke mer u Lidder wéi "Rat Race", "Stereotypes" oder "Ghost Town" mat sozial-politeschen Inhalter, Ausenanersetzunge mam Rassismus, polizeilech Belästegung oder Massen-Aarbechtslosegkeet. Op hirem Album "Protest Songs 1924-2012" covert d'Band aneren Artisten hir Protest Songs, dorënner de Staple Singers hire "Freedom Highway" aus dem Joer 1965, dem Big Bill Broonzy säi "Black, Brown, White" aus dem Joer 1938 oder och den Talking Heads hire "Listening Wind" vun 1980.


"Siffler sur la colline" ass d'Geschicht vun enger Schéiferin an engem ofgewisene Liibhaber, deen um Bierg ronderëm iert, e Bouquet wëll Rousen am Grapp. D'Gisèle Pape proposéiert eng minimalistesch Versioun vum Joe Dassin sengem Klassiker an ënnersträicht d'Absurditéit vun dëser naiver a komescher Situatioun.


Ee vun de spannende Geschichten-Erzieler aus eiser Zäit ass deen zu Seattle baséierten Damien Jurado. Hie gëtt op ville Plazen treffend als e grousse Minimalist beschriwwe mat enger konstant roueger Musek, an där allerdéngs beweegte Schicksaler agepaakt sinn. "Reggae Film Star" koum de leschte Juni eraus, et ass e Konzept-Album, dee sech mat Gemidder, Häerzer a Séile beschäftegt, déi midd sinn: traureg Schauspiller, Kamera-Männer an aner Leit, déi am Film schaffen.


Neue Grafik ass e Fransous, deen zu London lieft. Mat sengem Ensembel bréngt de Pianist frësche Wand an den Jazz. Neue Grafik huet am Kader vun den Jam Sessions am Total Refreshment Centre zu London op sech opmierksam gemaach. Do huet hien dann och seng zukünfteg Museker-Kolleege begéint an den Neue Grafik Ensembel war gebuer.


Playlist:



Bantu Clan vs. Sarabi - Africa Ni Leo (Esa & Nonku Phiri Kaap Mix) - Future Sounds of Jazz Vol. 15

Nightmares On Wax - Up To Us (feat. Haile Supreme) - Shout Out! To Freedom...

Ben Harper - Where Did We Go Wrong - Bloodline Maintenance

North Mississippi Allstars - Outside (Featuring Lamar Williams Jr.) - Set Sail

The Grease Traps - More and More (And More) - Solid Ground

The Rebels of Tijuana - Brazil 70 - Brazil 70 / EP

The Specials - Listening Wind - Protest Songs 1924 - 2012

Gisèle Pape - Siffler sur la colline - Siffler sur la colline / Single

Damien Jurado - Meeting Eddie Smith - Reggae Film Star

Erik Aliana - Respects - Ancestors

Cuarteto Tafi - Entre Dos Valles - Amanecer

Neue Grafik Ensemble - Breath (feat. JJ Akinlade) - Foulden Road Part II

Oan Kim & the Dirty Jazz - Whispers - Oan Kim


Episoden

Beats, Jazz & more

Hypnotesch, melancholesch, däischter oder grooveg Titelen aus verschiddene Genren.
headphones

55 min

play_arrow

From Now & Then

Neo-Soul, Surf-Rock, e Sënn fir Groove, Laid-Back instrumental-Titelen an e puer onëmgänglech Klassiker.
headphones

57 min

play_arrow

Electro-Fusion

Elektro-Métissagen mat Soul, arabesche Kläng an R&B, inspiréiert Kollaboratiounen an atmosphäresch Klanglandschaften.
headphones

57 min

play_arrow

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow