“All you can eat”: fir verschiddener ass dat eventuell de Motto vu Feierdeeg an dëse Breedegraden, mee dobäi handelt et sech och ëm eng Expo am Lëtzebuerg City Museum, déi aus enger historescher Perspektiv d’Ernärung vum Mënsch thematiséiert. Op déi kënschtleresch Perspektiv kënnt Dir Iech bis den 21. Januar am Ratskeller vum Cercle Cité aloossen. D’Kerstin Thalau ass vun der Anastasia Chaguidouline, déi artistesch Directrice vum Cercle Cité, méi zu der Expo “Hors d’oeuvre”gewuer ginn.
arrow_back_ios
Kultur
Hors d’oeuvre: déi aktuell Expo am Cercle Cité
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden
Wiessel un der Spëtzt vun der europäescher Konschtakademie Tréier
D'Gabriele Lohberg geet haut, no 23 Joer als Directrice vun der gréisster fräier Konschtakademie an Europa, an d'Pensioun.
Uncut Gems
Xanax, Ritalin - all Berouegungsmëttel ass virsiichtshallwer ze recommandéieren fir den neie Film mam Adam Sandler.
Zeichnungen
De Schirmer/Mosel Verlag presentéiert Zeechnunge vum Peter Handke, déi tëschent 2007 an 2017 entstanen sinn, fir d'éischte Kéier gesammelt.
Wou steet d'Lëtzebuerger Literatur?
Et geschitt vill um Gebitt vun der Lëtzebuerger Literatur. Wat ass nach ze maachen? De Ian De Toffoli am Gespréich.

Extrait "Beethoven-Radio"
Am Kader vum 250. Gebuertsdag vum Ludwig Van Beethoven huet de B-Radio e speziellen Hommage un de "verréckte Genie" zesummegestallt.
