arrow_back_ios
Kultur
Wiessel un der Spëtzt vun der europäescher Konschtakademie Tréier
Op der europäescher Konschtakademie zu Tréier wiesselt d'Direktioun. D'Gabriele Lohberg geet no 23 Joer un der Spëtzt vun der gréisster fräier Konschtakademie an Europa an d'Pensioun. Haut ass hire leschte Schaffdag. All Joers kommen ëm déi 1.500 konschtbegeeschtert Leit op Tréier fir an der europäescher Konschtakademie Coursen ze huelen. Molen, Zeechnen, Drockgrafik oder Fotograféiere kann een do léieren. D'Claudia Krell vum SWR huet mat der Gabriele Lohberg iwwer hiert d'Beruffsliewe geschwat.