Kultur
"Porta Nigra-Ansichten aus drei Jahrhunderten"
D'Porta Nigra, e Symbol vun Tréier, ass eenzegaarteg. Keng aner antik, réimesch Paart vun där Gréisst ass esou gutt erhalen, mengen d'Archeologen. Aktuell ass an de Studioe vum SWR zu Tréier eng Ausstellung ze gesinn. An dat well d'Porta, wéi d'Tréierer Leit hir Paart mat Léift a Respekt nennen, 2020 1850 Joer kritt. Datt d'Porta Nigra esou laang iwwerlieft huet läit dorunner, datt se joerhonnertelaang iwwerbaut war. Esou gouf ënner anerem am Mëttelalter dee gängege sougenannte "Materialklau" evitéiert. D'Ausstellung weist elo Grafiken an Aquarellen aus der Sammlung vum Rheineschen Landesmuseum Tréier. D'Marion Barzen vum SWR stellt d'Ausstellung "Porta Nigra-Ansichten aus drei Jahrhunderten" vir.